E Samschdeg de Mëtteg hu mir zesumme mam Emelie a senge Frëndinnen a Frënn säin 8. Gebuertsdag gefeiert.
Soubal d’Gebuertsdagskand mat senge Gäscht ukomm ass, konnt d’Aventure och schonn ufänken. Um Programm stoung alles, wat kleng Päerdsfrënn glécklech mécht: d’Päerd mat Fangerfaarwe bemolen, e flotte Hobby-Horse-Parcours, d’Päerd wäschen an natierlech eng verdéngte Paus mat leckerem Kuch a Gedrénks.
No där klenger Stäerkung huet all Kand säi Päerd gebotzt, gesuedelt a sech op de gemeinsamen Ausrëtt duerch eis schéin Natur gefreet.
Mir hunn haut vill stralend Aen, vill Laachen an eng Hellewull u schéine Momenter erlieft – genee esou, wéi e perfekte Gebuertsdag soll sinn.
Fir de perfekten Ofschloss gouf et nach eng erfrëschend Ofkillung an der Schwämm, wou d’Kanner nach eng Kéier richteg Spaass haten.
Mir soe dem Emelie a senger Famill vu ganzem Häerzen e grousse Merci fir hiert Vertrauen. Et huet eis immens Freed gemaach, dëse flotte Dag mat iech ze verbréngen, a mir wäerten eis nach laang un déi schéin Momenter erënneren.
Alles Guddes nach eng Kéier fir däi Gebuertsdag, Emelie! 🎂🎈





